
Dat seet den Eric Maynadier, hien ass Generaldirekter vun deem gréisste Medikamentegrossist zu Lëtzebuerg. Hie gesäit zwou Haaptursaache fir déi aktuell Situatioun. Fir d’éischt géifen d’Verdeelungsquoten net mat der aktueller Consommatioun iwwerteneestëmmen an d’Laboratoirë géifen dacks hir Medikamenter do verkafen, wou se am meeschte Suen dofir kréichen.
Grossiste soen, déi ekonomesch Situatioun géif ëmmer méi schwiereg ginn. Si misste sech upassen a Rupturë virausgesinn. Dat heescht e Maximum vu Produite stockéieren. Alles Medikamenter, déi si dann awer am Viraus misste finanzéieren.
Eng Léisung fir den Eric Maynadier wier et, zesumme mat der Regierung méi grouss Stocken ze schafen. Dorunner wier scho punktuell geschafft ginn, mä et wier wichteg, déi kritesch Medikamenter ze definéieren an eng national Sécherheetsreserv en place ze setzen.