
Et goung awer och ëm d’Delaie vun de Prozeduren, déi vun de Gemenge mussen agehale ginn, wann nei Entreprise wëllen an d’Aktivitéitszone kommen.
Och an der Stater Märei huet sech scho Summerfeeling breet gemaach. Sou just gouf de Quorum vun de Memberen erreecht, et huet een allerdéngs missen op ee leschte Buergermeeschter waarden, fir kënnen Ofstëmmungen ze maachen.
Beschäftegt gouf sech e Méindeg mam Thema Pecherten. Am Avis vum Syvicol stellt ee sech d’Fro, op d’Carneten, déi d’Pecherte kréien, net kënnen zentraliséiert bestallt ginn, fir Fraisen ze spueren. D’Conseillère vu Steesel, d’Marie-Paule Engel Lenertz, wollt wëssen, ob kéint eng Uniform fir all d’Pecherte landeswäit agefouert ginn, soudatt ee se géing erkennen. Argument dogéint wier hei, datt scho Gemengen Uniforme fir hir Leit hätten. Et wéilt een awer eng Suggestioun zu dësem Punkt maachen, datt ee laangfristeg gemeinsam Uniforme kritt, sou de Syvicol President Emile Eicher. Weider gouf am Avis och festgehalen, datt just déi Pecherte solle vun den diverse Primme profitéieren, déi och um Terrain ënnerwee sinn, an net och déi, déi um Pabeier eng bestëmmte Funktioun hunn.
Doriwwer eraus huet de Syvicol och en Avis iwwert d’Prozedure gemaach, déi festhalen, wéi Betriber sech an den Aktivitéitszone vun de Gemenge kënnen néierloossen. Hei géingen et e puer Dispositiounen am Projet de loi ginn, duerch déi géing en ze héijen Afloss op déi kommunal Autoritéit geholl ginn. Besonnesch den Artikel, dee seet, datt et als Accord gewäert gëtt, wann d’Gemeng net bannent 14 Deeg op eng Ufro vun enger Entreprise reagéiert. “Mir wësse jo och, datt et Summervakanz gëtt, wou verschidde Servicer net funktionéieren”, sou den Emile Eicher. Wann eng Gemeng da gären e Betrib eran hätt, wou se wéisst, datt de Ministère deen net wëllt, kéint se da jo einfach guer näischt maachen.
Eng Kritik ass dann an der oppener Diskussioun vum Buergermeeschter vu Monnerech, dem Jeannot Fürpass, ugeklongen. Dat wéinst der Hëllef, déi ee vun de Ministèrë beim Geréiere vu Sozialwunnenge krit.
Et krit een zwar eng Enveloppe vun 1.500 Euro pro Sozialwunneng, mee ënnert der Viraussetzung, datt d’Wunneng 10 Méint am Joer verlount wier. Dat wier awer net ëmmer einfach, well och misste reegelméisseg Renovatioune gemaach ginn. D’Gemenge wiere jo mat an der Responsabilitéit, sou de Buergermeeschter, mee hannendru misst e Suivi gemaach ginn, wann ee wéilt, datt et géing gutt funktionéieren.