Motioun an der Chamber ugehollRegierung soll Punkto Grenzkontrolle bei Kommissiounspresidentin intervenéieren

Diana Hoffmann
Aacht Länner an Europa hunn nees Grenzkontrollen agefouert, dorënner och eis Nopeschlänner Däitschland a Frankräich.

Mat enger Motioun hu 55 Deputéiert an der Chamber d’Regierung opgefuerdert, bei der Kommissiounspresidentin z’intervenéieren, fir déi aktuell Grenzkontrollen am Schengenraum ze préiwen an op en Enn ze bréngen. Déi 5 Deputéiert vun der ADR wollten d’Motioun net mat stëmmen. Am Debat vun der Aktualitéitsstonn, déi vun der LSAP ugefrot gi waart, goung et deels animéiert zou.

Aktualitéitsstonn Schengen/Reportage Diana Hoffmann

Wéi wichteg Schengen fir Lëtzebuerg ass, doriwwer war ee sech an der Chamber eens. Och iwwer de Fait, dass d’Baussegrenze vun der Europäescher Unioun musse besser protegéiert ginn. D’Konditioune fir Bannegrenzen anzeféieren, géing een awer a Fro stellen, seet de Meris Sehovic vun déi Gréng.

“Mir stellen ausdrécklech d’Legalitéit vun deene Mesuren op der däitsch-Lëtzebuerger a franséisch-Lëtzebuerger Grenz a Fro.”

Sécherheetsmesurë solle just an aussergewéinleche Situatiounen temporär agefouert ginn, déi gesäit een net ginn, sou och de Sven Clement vun de Piraten.

“A jo, et ginn a ville Länner Problemer duerch grouss Zuele vu Migranten. Dat soll een net verstoppen. Mee riets a riets-orientéiert Parteien notzen dës negativ Gefiller. A streeë mat de Grenzkontrollen de Leit Sand an d’Aen.”

Den Tom Weidig vun der ADR seet, seng Partei géing verstoen, wisou d’Länner géinge Grenzkontrollen aféieren.

“Si reagéieren op reell Problemer. Si ignoréieren a verstoppen se net. Mee si maachen eppes dogéint. Dofir solle mir se net verurteelen, mee endlech Realpolitik an eiser Asyl- a Migratiounspolitik maachen.”

Weider ass hien der Meenung, dass dem fréieren Ausseminister Jean Asselborn seng Asylpolitik matresponsabel wier, dass géinge Grenzkontrollen agefouert ginn. Den Yves Cruchten vun der LSAP seet, d’Maske wiere bei der ADR gefall.

“Dir maacht hei aus enger Debatt iwwert d’Bannegrenzen, iwwert de Schengenraum, iwwert d’Wichtegkeet fir eist Land, fir eis Ekonomie, fir eis Bierger, maacht dir eng Diskussioun iwwer Flüchtlingen an iwwer Kriminalitéit, geheit alles an een Dëppen. Dir sollt iech schummen dofir.”

Och d’Regierungssäit reagéiert op d’Aussoe vum ADR-Deputéierten. Den Inneminister Léon Gloden:

“Ech distanzéiere mech, an d’Regierung distanzéiert sech vun alle Consideratiounen, fir ëmmer d’Kriminalitéit mat der Immigratioun a Verbindung ze bréngen. An all Kéiers, wann ech eng Question Parlamentaire an deem Sënn vun der ADR wäert gestallt kréien, wäert ech dat widderhuelen.”

De Marc Baum vun déi Lénk fuerdert dann, dass d’Regierung déi oppe Grenze mat der selwechter Energie verdeedegt, mat där se dat soss fir d’Interête vun der Finanzplaz géing maachen.

Back to Top
CIM LOGO