Invité vun der Redaktioun (16. Juli)René Closter, President vun der Air Rescue

Carine Lemmer
En Donneschdeg de Moien ass d'Air Rescue Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Hien huet virun 38 Joer als Beruffspompjee d'Lëtzebuerger Air Rescue gegrënnt. En Donneschdeg de Moie schwätze mer mam René Closter iwwer d'Loftrettung - heiheem a weltwäit - a wéi se sech entwéckelt huet, iwwer d'Käschten, déi klammen. Weider froe mir de President vun der Air Rescue, wéini den Helikopter bei engem Accident an den Asaz kënnt. De René Closter ass um 8 Auer live eisen Invité vun der Redaktioun.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO