
Wéi de Statec matdeelt, geet dës Statistik zeréck op deng net obligatoresch Ëmfro, déi bei Entreprisen oder Gruppen duerchgefouert goufen, déi um Territoire vum Grand-Duché e Sëtz hunn an op den 1. Januar 2026 op d'mannst 90 Mataarbechter haten. 387 Entreprisen aus de verschiddenste Secteure erfëllen dës Krittären.
Ganz vir läit do d'Grupp Dussmann, déi am Botzsecteur aktiv sinn. Si hunn 5.340 Mataarbechter an der domadder 20 méi wéi déi national Zuchgesellschaft CFL. Op d'Plaz 3 kënnt, an dat mat 4.550 Leit e bëssen ofgeschloen, Amazon. Weider an der Topp 5 si mat der Post (4.480) an dem Cactus (4.340) zwee Lëtzebuerger Traditiounsbetriber.
Déi gréisste Bank am Land, wat d'Zuel vum Personal ugeet, ass d'BNP Paribas, déi 3.880 Mataarbechter huet. Bei Arcelor kënnt een op 5.470 an d'Goodyear gëtt mat 3.460 Leit, déi agestallt sinn, gelëscht. Fir d'Top 10 dann ofzeschléissen, gëtt PricewaterhouseCoopers mat 3.330 Leit op der 9 gefouert an d'Cargolux huet dem Statec no 3.310 Mataarbechter a lant domadder op der 10. De Statec schreift an hirem Communiqué, datt dës Zuelen alleguerten op- oder ofgeronnt goufen.
De ganzen Iwwerbléck mat all de Statistike fannt Dir um Site vum Statec.