Gewënner vum Architekteconcours "Nei Dikrich" presentéiertDen Zentrum vun Dikrech soll an deenen nächste Jore méi gréng a méi blo ginn

Marc Hoscheid
Beem a Waasser sollen d'Foussgängerzon an d'Géigend ronderëm méi gemittlech a méi klimaresilient maachen. Op der Place Emmanuel Goethals kéinten eng Partie Parkplaze verschwannen.
Op der Place Emmanuel Goethals, den Ament ee Parking, soll ee klenge Stadpark entstoen.
Op der Place Emmanuel Goethals, den Ament ee Parking, soll ee klenge Stadpark entstoen.
© Marc Hoscheid / RTL

Den Zentrum vun Dikrech soll an deenen nächste Joren een neit Gesiicht kréien, den Numm vum Projet ass "Nei Dikrich". En Dënschdeg gouf de Gewënner vum Architekteconcours presentéiert. An Zukunft sollen d'Foussgängerzon an d'Géigend ronderëm virop méi Gréng a méi Blo ginn.

Deen een oder aneren dierft nach een décke Kapp vun Al Dikkrich hunn a scho gëtt déi nächst Etapp vum Projet Nei Dikrich presentéiert. Wärend deene leschte gutt zwee Joer konnten esouwuel d'Bierger hir Iddie mat abréngen wéi och Architektebüroe Projeten erareechen. Déi Projete goufen du vun enger Jury, déi esouwuel aus de Membere vum Dikrecher Schäfferot wéi och aus Experten aus dem Beräich Architektur zesummegesat war, bewäert. Um Enn konnt den däitschen Architektebüro "Club L94", dee säi Sëtz zu Köln huet, am meeschten iwwerzeegen. D'Sala Makumbundu ass Member vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils an huet erkläert, wéi eng Krittären der Jury besonnesch wichteg waren.

"Wéi gutt ass de Projet fir de gesamten ëffentleche Raum vun der Alstad? Wéi sinn déi verschidde Funktiounen, déi der awer an enger Stad hutt, mat an den Entworf agefloss? Wéi ass den Ëmgank mat der Identitéit, hei sidd der awer op enger Plaz, déi eng laang Geschicht huet, wéi spigelt sech d'Identitéit vun der Stad Dikrech am Projet zeréck? An natierlech Theme wéi Klima, Ekologie, Mobilitéit an och d'Erreechbarkeet vun all Plaz an der Alstad." De Burkard Wegener huet den Architektebüro als Member vun der Geschäftsféierung bei der Presentatioun vertrueden an ënnerstrach, datt méi Gréngflächen an och méi Waasser an den Dikrecher Zentrum komme sollen. Et géing een awer dorobber oppassen, datt déi grouss Achse vun der Foussgängerzon weider sou genotzt kënne ginn, wéi dat haut de Fall ass.

"Natürlich wollen wir unsere Innenstädte klimaangepasst nachrüsten. Aber unsere Innenstädte sind natürlich auch die Orte, in denen wir zusammenkommen, in denen wir uns treffen und in dem auch viele Menschen zusammenkommen. Ich will damit sagen, es muss auch immer noch die Möglichkeit geben, dass dieser Ort auch ein Begegungs- und Funktionsraum ist, denn wir feiern unsere Feste nicht in irgendwelchen Wohngebieten, auch nicht in irgendwelchen Gewerbegebieten, wir feiern unsere Feste in den Innenstädten." Eng Plaz, déi vill méi gréng soll ginn, ass d'Place Emmanuel Goethals, wou aktuell an éischter Linn ee Parking ass. Hei ass eng Zort klenge Park virgesinn, vun deem net just Leit vu baussen, mee an éischter Linn déi Dikrecher Leit selwer profitéiere sollen, fir Zäit am Fräien ze verbréngen. Dono gefrot, ob de Schäfferot hannert der Iddi steet, datt Parkraum verschwanne soll, ass et dës Äntwert vum Dikrecher Buergermeeschter Charel Weiler:

"Wéi vill Parkplazen herno do sinn oder verschwanne wäerten, ass nach net decidéiert, dat kucke mer. Mir kennen d'Sensibilitéit op deem Sujet a wäerten och dofir suergen, soe mer mol, datt net ze vill Parkplaze verschwannen. Mee et muss een awer och soen, mir hu relativ no um Stadkär relativ vill Parkplazen. Mir mussen awer iergendwann eng Kéier op de Wee kommen, datt d'Mentalitéit och an deem Sënn ännert, datt mer déi Metere vum Parkhaus bis an de Stadkär maachen." Et gouf direkt e puer Mol ënnerstrach, datt de Projet, dee lo um Dësch läit, net Eent zu Eent ëmgesat gëtt, mee als Grondlag fir weider Gespréicher déngt. Fir datt d'Aarbechte keen ze groussen Impakt op d'Geschäftswelt hunn, gi se an Etappen duerchgefouert. Déi éischt Baggere kéinte Mëtt respektiv Enn vum nächste Joer rullen.

Déi Dikrecher LSAP steet zwar hannert dem Projet, kritiséiert awer, datt d'CSV-DP-Majoritéit den Dossier manner wéi 5 Deeg virun der leschter Gemengerotssëtzung presentéiert hätt an dowéinst net genuch Zäit gewiescht wier, fir sech ze preparéieren. De Charel Weiler weist déi Kritik zeréck, de Schäfferot hätt d'Detailer selwer och réischt 1-2 Deeg éischter kannt an et hätt een zu dësem Moment am Fong nach guer net domadder an de Gemengerot musse goen, mee et aus Transparenzgrënn awer gemaach.

Back to Top
CIM LOGO