
Dat ass méi ewéi dräimol esou vill ewéi 2005. Dat schreift d’Keess vun de Salariéë an hirem Rapport annuel.
2025 goufe fir d’éischte Kéier méi Pensiounen an d’Ausland iwwerwise wéi op Lëtzebuerg an d’Cnap huet ëmmer méi"gemëschte Carrièren" ze geréieren. Also Carrièrë vu Leit, déi deels zu Lëtzebuerg, deels am Ausland geschafft hunn. Dat ass eng Entwécklung, déi d’Situatioun um Aarbechtsmarché refletéiert, schreift de President Alain Reuter a sengem Virwuert. Kuckt een d’Suen, gëtt allerdéngs weiderhin dee gréissten Deel vun de Pensiounen op Lëtzebuerg iwwerwisen: nämlech 4,8 vun de 7,3 Milliarden Euro.
An der Reserve vum Régime général waren op den 31. Dezember 2025 32 Milliarden Euro. Also 4,24 mol d’Joresausgaben an domat wäit iwwert der Reserve légale vun 1,5 Joren. D’Cnap hieft awer ervir, datt dat deen niddregste Stand zanter 2013 ass. D’Prime de répartition pure, also d’Verhältnis vun de lafenden Ausgaben zur Masse cotisable, ass och d’lescht Joer weider geklommen op 23,7 Prozent. Si ass domat awer ënnert dem Cotisatiounstaux bliwwen – domat géif et keen Ulass fir un de Reajustement vun de Pensiounen ze goen.
De Kompensatiounsfong vun der Renteversécherung, deen d’Reserve geréiert, huet d’lescht Joer e Rendement vu 4,25 Prozent erreecht an domat netto 1,25 Milliarden Euro verdéngt. Datt den Dollar am Verglach mam Euro u Wäert verluer huet, hat en negativen Impakt op d’Resultat, heescht et am Rapport annuel vum Kompensatiounsfong. Do dra steet och, datt weider keng Korrekturen un der Investitiounsstrategie gemaach goufen.
Mat enger Ausnam: De strategesche Quota vu fënnef Prozent Investitiounen a Lëtzebuerger Immobilie gouf erofgesat. Dee Quota géing aus enger Zäit kommen, an där de Fong zéng Milliarde geréiert huet an deemno sollt 500 Milliounen Euro an de Lëtzebuerger Steen investéieren. Ma d’Reserve ass esou geklommen, datt een elo misst 1,4 Milliarden a physesch Projeten hei am Land investéieren. Dat wier schwéier ze realiséieren, ënnert anerem well et weder genuch disponibelen Terrain, nach genuch Ressourcë géing ginn, fir méi Immobilieprojeten ze developpéieren, wéi elo schonn am Bau oder an der Planung wieren. Deemno gouf de strategesche Quota vu fënnef op dräi Prozent reduzéiert. Dofir gi méi Suen an europäesch Obligatioune respektiv an Aktien aus aller Welt investéiert.