De 14. Juli 2021 gouf Lëtzebuerg vun engem sougenannte Joerhonnert-Héichwaasser getraff. Queesch uechter d’Land waren d’Schied laanscht d’Flëss extrem héich. Och de Scoutschalet “Géisserei” am Stater Quartier Weimerskirch gouf net verschount. Bal annerhalleft Joer huet d’Renovatioun vum Gebai gedauert. Ma en Dënschdeg war et esouwäit an d’Lëtzebuerger Guiden a Scoute konnten déi nei Géisserei offiziell aweien. D’Freed ass grouss, ma et weess een awer och, datt et wuel net dat leschten Héichwaasser gewiescht dierft sinn.
Am Fong hu se bei de Scoute mat Bléck op d’Natur jo éischter keng Beréierungsängschten. Ma dorobber, datt d’Uelzecht bis zu annerhallwem Meter héich an d’Géisserei, wou fréier passenderweis Kanaldeckele gegoss goufen, komme géing, dorobber hätt een dann awer kënne verzichten. Haut gesäit een näischt méi vun de Suitte vum Héichwaasser. Ronn zwee Milliounen Euro hunn d’Renovatiounsaarbechte kascht, se goufe quasi komplett vum Educatiounsministère bezuelt.
Well et wuel net dat leschten Héichwaasser dierft gewiescht sinn, gouf dorobber opgepasst, datt d’Schief net méi direkt um Buedem stinn, respektiv mat Rullen ekipéiert sinn. Bei de Materialien huet ee virop op Stol an Aluminium gesat, well dës manner séier futti gi wéi zum Beispill Holz. Dat fënnt ee just nach op den ieweschte Stäck. Mat bauleche Mesuren eleng wier et awer net gedoen, och d’Politik wier an der Responsabilitéit, dofir ze suergen, datt sech esou eppes wéi am Juli 2021 net méi widderhëlt. An do fält ee Stéchwuert.
“Renaturéierung, natierlech, vum Réiserbann un, fir datt d’Waasser net méi bis hei erof kënnt. Ech mengen, Hesper, Izeg, dee ganze Beräich muss och renaturéiert ginn. D’Péitruss gëtt renaturéiert, dat ass déi eng Saach. Déi aner Saach ass, manner versigelen, fir datt d’Waasser wierklech ofzéie kann. A wat mer hei och wëlle maachen, ass ee Plang d’évacuation des crues ze hunn.”, sou de Jos Dell vun M3 Architectes

Et misst kloer sinn, wéi een d’Miwwelen am Fall vun engem Héichwaasser a Sécherheet bréngt.
Zur Géisserei gehéieren ee Chalet fir bis zu 50 Leit, ee Bistro an een Atelier technique. D’Suen, déi hei investéiert goufen, wieren op alle Fall op der richteger Plaz investéiert ginn.
D’Angélique Krier, Commissaire générale vun den LGS: “Ech mengen hei treffe sech all Dag eng sëllegen Ekippen, déi nei Saache fir eis Kanner a Jonker ausschaffen. Mir plange fir d’Zukunft, mir kucken, a wéi eng Richtung mer wëlle goen. Eleng dofir rentéiert et sech. Mir hu Personal, dat ganz engagéiert fir eis schafft, dofir ass et wichteg, eng Plaz ze hunn, wou mer eis all kënnen treffen, kreativ sinn, denken, laachen, Spaass hunn an eppes fir Kanner a Jonker maachen.”
Et wier wichteg, datt d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten ee Chalet hunn, deen engersäits matzen an der Stad an anerersäits awer an der Natur läit. A well déi meeschte Leit net méi genuch an d’Natur ginn, wier et net vu Muttwëll, datt et d’Scouten nach ëmmer gëtt.