ChamberResolutioun vun de Piraten iwwer Spezialrapport gëtt net ëmgesat

RTL Lëtzebuerg
Et gëtt an der Chamber kee Spezialrapport iwwer déi verschidde Piste gemaach, wéi Lëtzebuerg aus der Kris erauskënnt.

D'Pirtepartei hat en Dënschdeg an der Chamber eng Resolutioun deposéiert, déi dat gefuerdert hat. Déi gréisst Oppositiounspartei CSV hat d'Initiativ ënnerstëtzt.

Ma d'Regierungsparteien hu sech dogéint ausgeschwat. Et wär an esou enger wichteger Phas vun der leschter ligne droite am Etat de crise ze zäitopwänneg esou e Rapport ze maachen, dee sech net mat der Zukunft beschäftege géif.

Méi spéit misst een dës Kris awer opschaffen, esou de Konsens bei der Majoritéit.

Back to Top
CIM LOGO