Statec: Liquiditéit vun de BetriberRestauranten hunn déi klengste Reserven

RTL Lëtzebuerg
2018 konnten d'Restauranten am Duerchschnëtt e gudde Mount iwwerbrécken, Industriebetriber bis zu 8 Méint.

Dat geet aus enger Analyse vun den Donnéeë vun der Centrale des Bilans vum Statistikinstitut STATEC ervir. Zanter 2011 mussen d'Betriber zu Lëtzebuerg Informatiounen iwwert hir Konten an dës Zentral eraginn. Fir d'Joer 2018 goufen op dës Aart a Weis ronn 11'500 Bilanen zentraliséiert.

De STATEC huet ausgerechent, wéi laang d'Betriber hir lafend Käschten decke kënnen, ouni un hir "immobiliséiert Aktiver" ze goen, dat heescht d'Gebailechkeeten oder d'Equipement, oder op extern finanziell Ressourcen zréckzegräifen, an zum Beispill e Prêt opzehuelen.

Dat ass natierlech e wichtegen Indicateur wärend der Kris, vue dass verschidde Betriber wärend 2 Méint hu missen zoumaachen.

© STATEC

Deemno ginn et déi gréisste Reserven an den Industrien, déi Rohstoffer ofbauen, an der Energie, Waasser an Offallgestioun. Hei kënnen d'Betriber 8 Méint iwwerbrécken. Och d'Betriber am Finanzsecteur, dem Immobilienhandel an de spezialiséierte wëssenschaftlechen oder techneschen Zerwisser packen et méi wéi 6 Méint.

Am vulnerabelste sinn d'Restauranten, d'Zerwissindustrie, den Eenzelhandel an d'Garagen. Dës Betriber hu genuch Liquiditéite fir 1-2 Méint z'iwwerbrécken.

PDF: Analysen 04/2020

Back to Top
CIM LOGO