
De medezineschen Noutfall war séier behuewen an den Helikopter nees séier an der Luucht.
Op Nofro erkläert e Spriecher vum CGDIS, dass et bei esou Asätz drëm geet, dass den Dokter esou séier wéi méiglech op d’Plaz kënnt. Soudatt an dësem Fall, trotz Proximitéit zum Escher Spidol, dat déi séierste Léisung gewiescht wier.
Den 112 huet fir dat ganzt Land 5 SAMUen disponibel.
