RegierungsrotRezent Covid-Entwécklungen den Haaptsujet um Freideg

RTL Lëtzebuerg
Donieft goung et ënnert anerem awer och ëm d'Reform vum ASBL-Gesetz.
© RTL-Grafik

Natierlech hunn déi rezent Covid-Entwécklungen den Haaptplat am Regierungsrot e Freideg duergestallt. Dës Tendenze suivéiert d'Regierung jo absënns genee, well d'nächst Woch muss decidéiert ginn, wéi et nom 15. Juli weider geet, wann dann dat aktuellt Covid-Restriktiounsgesetz nees ausleeft.

Och déi nächst Etappe vun der Impf-Campagne goufen duerfir e Freideg vun der Regierung definéiert, grad wéi datt e Pilot-Projet guttgeheescht gouf, deen eng Prise en charge vu Long-Covid-Kranke virgesäit - iwwert de Sujet vun engem sougenannten "Nachsorgezentrum" gëtt och den nächsten Donneschdeg an der Chamber debattéiert.

No net manner wéi 12 Joer gëtt et iwwerdeem Neits wat d'Reform vum ASBL-Gesetz ugeet, dat nach op d'eemoleg Ministere Biltgen a Frieden zeréckgeet, a wou et 2009 eng breet Front vun ASBLe gouf, déi sech géint déi nei Dispositioune gewiert haten. Duerno war den Text am Tirang verschwonnen.

D'Regierung hëlt lo e weideren Ulaf a leet Amendementer vir, déi d'aktuell Dispositiounen fir Clibb a Fondatioune soll adaptéieren a moderniséieren. D'Formalitéite sollte vereinfacht ginn, och soll Transparenz, Modernitéit an eng verbessert Gestioun fir d'ASBLe gëllen. D'entspriechend Amendementer dierften dann och wuel nees fir vill animéiert Debatte suergen.

PDF: Schreiwes vun der Regierung

Back to Top
CIM LOGO