
D’Ursaach ass eng schlecht Waasserqualitéit. De Volume vu 5.500 Meter cube pro Dag representéiert den deeglechen Drénkwaasser-Besoin vun 42.000 Persounen. Dat äntwert den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes senger Virgängerin an haiteger grénger Deputéiert Joëlle Welfring.
Verschidde Captagë géinge fale gelooss ginn, well den Traitement finanziell, technesch an organisatoresch ze opwänneg wier. Bei 18 weidere Captagë gëtt d’Drénkwaasser mat Waasser vermëscht, wat manner knaschteg Substanzen enthält, fir esou den Drénkwaasser-Norme gerecht ze ginn. Hei ass rieds vun 3.800 Meter cube den Dag fir 29.000 Leit.
Bei 4 Captagen ass et net méiglech, d’Qualitéit ze verbesseren. Via Derogatiounen däerf dat Waasser trotzdeem geliwwert ginn, well et gesondheetlech onbedenklech ass, och wann d’Normen net agehale ginn.
Hei geet et ëm 1.400 Meterkibb fir 11.000 Persounen.