Brand am Beetebuerger ParkRonn 500 Leit goufen en Donneschdeg bannent kuerzer Zäit evakuéiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg kuerz viru 16 Auer war eng Klimaanlag am Amazonashaus vum Parc Merveilleux a Brand geroden.
© CGDIS

De Park war bannent 10 Minutte komplett evakuéiert ginn, schreiwen d’Bedreiwer vum Park an engem Pressecommuniqué. De CGDIS präziséiert, dass ronn 500 Leit deen Ament am Park waren, souwuel Personal wéi och Public.

© CGDIS

D’Feier konnt séier vun den éischten Intervenanten op der Plaz ënner Kontroll bruecht ginn, éier d’Pompjeeën et du ganz geläscht hunn. Duerno gouf d’Gebai gelëft.

Beim Brand si weder Mënschen nach Déiere blesséiert ginn. E Freideg de Moien huet de Park nees seng Dieren opgemaach.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO