
Ronn 27.000 Leit sinn 2023 zu Lëtzebuerg ukomm, iwwer 16.500 hunn d’Land awer och verlooss. Et ass allerdéngs den niddregsten Taux zanter engem Joerzéngt. E louch ëmmer tëscht 2 an 2,5%. 2022 war d’Populatioun nach ëm 2,4% gewuess - dat war och d’Joer, an deem vill Refugiéeën aus der Ukrain ukomm waren.