Mammenhaus vun RTL LëtzebuergRTL Group huet zejoert e Benefice vu 782 Milliounen Euro gemaach

RTL Lëtzebuerg
Dat sinn 140 Millioune manner wéi 2022. Grond dofir ass virop, dass um däitsche Tëlees-Marché vill manner Recetten duerch Publicitéit erakoumen.

Bei der Generalversammlung ass de Bilan 2023 presentéiert ginn. Streaming-Plattformen hunn dogéint méi Succès gehat. Hei gouf et eng Hausse vu méi wéi 70 Prozent beim Revenu. De Grupp investéiert weider an dës Streaming-Offeren. Bis 2026 wëll een eng 9 Milliounen Abonnenten hunn an domat eng 750 Milliounen Euro erakréien. Dofir ginn awer och eng 500 Milliounen Euro an d‘Produktioun vu Contenu investéieren.

Zu RTL Group gehéieren 60 Televisiounschaînen, 7 Streaming-Servicer a 36 Radio-Statiounen uechter Europa.

Back to Top
CIM LOGO