Dorënner och Russen. Mee wéi steet eigentlech déi russesch Communautéit zu Lëtzebuerg zur Invasioun an der Ukrain?
Dat erauszefannen ass net esou einfach - schonn eleng well et sech virop ëm eng russeschsproocheg Communautéit handelt, déi wéi et schéngt, duerch de Krich an der Ukrain ëmmer méi gespléckt ass.
D’Inna Ganschow ass Migratiounsfuerscherin um C2DH vun der Uni.lu. Si beschäftegt sech intensiv mat der russeschsproocheger Gemeinschaft zu Lëtzebuerg. Hir Membere kéimen aus ville verschiddene Länner, déi am Laf vun der Geschicht zu Russland oder der fréierer Sowjetunioun gehéiert hunn.
Dr Inna Ganschow: “Wenn wir die russischsprachigen Gemeinden in Luxemburg, Frankreich, Deutschland anschauen, werden wir ein Abbild Russlands finden. Das ist auch eine viel-Völker russisch-sprachige Gemeinde, wo man vielleicht die gleiche Sprache spricht, sich aber sich nicht unbedingt - manchmal sogar auf gar keinen Fall - mit dem aktuellen russischen Staat identifiziert.”
Jee no Origine vun de Leit goufen et vu vir era Spaltungen. No der Annexioun vun der Krim 2014 hätten dës sech verdéift, och hei zu Lëtzebuerg notéiert d’Fuerscherin.
Et ass dëser Deeg schwéier zu Lëtzebuerg Persoune mat russeschen Originnen ze fannen, déi bereet si virun der Kamera Stellung iwwer d’Situatioun an der Ukrain ze huelen. Och wa se géint de Krich sinn.
D’Inna Ganschow schwätzt vun engem Identitéitsbroch, dee lo mol misst verschafft ginn: “Die modernen Russen sind eigentlich mit dem Verständnis aufgewachsen, dass sie im Zweiten Weltkrieg den Nazismus besiegt haben, dass sie ein Land sind, das Europa vum Nazismus befreit haben. (…) Dass man jetzt - im Gegenteil – derjenige ist, der das Nachbarland überfallen hat, das ist schwer für sie. “
Verschiddener hätte warscheinlech och Bedenken iwwer d’Konsequenzen, déi Russland-kritesch Aussoe bei enger Rees an déi al Heemecht kéinten hunn. Pro-russesch Aussoen, oder sech als Russ net kloer distanzéieren, iwwerdeems wier hei am Land net gutt gesinn, seet d’Migratiounsfuerscherin, déi an de leschten Deeg och vu Menacen héieren huet, déi géint Russen hei am Land geriicht waren.
“Einige haben angefangen Drohungen zu bekommen. Da sind Flyer die in Briefkästen geworfen werden. Da sind Hetzereien im Internet. Also mat hört diese Drohungen auch in dern Schulen, Kinder werden angespuckt.”
Trauer a Widderstand – hire Gemittszoustand dréckt d’Inna Ganschow dëser Deeg mat hirer schwaarzer Kleedung aus. D’Fuerscherin ass an der Sowjetunioun gebuer a koum an den 90er Joren mat hirer Famill an de Westen. De 24. Februar ass fir si e schwaarzen Dag an der russescher Geschicht.