
Wéinst enger eventueller Belaaschtung mat Salmonellen gouf decidéiert, de “Rôti de dinde roulé” aus de Rayonen ze huelen. All anere Produit aus dem selwechten Assortiment ass net betraff a kënne ouni Bedenke consomméiert ginn.
Concernéiert ass de Produit vun er Mark “Delhaize” mam EAN-Coden 2223870000000. Den Halbarkeetsdatum ass den 07/08/2022, den Datum vun der Kommerzialisatioun den 29/07/2022.
Wien dëse Produit scho kaf huet, soll en net iessen, mä an d’Geschäft zeréckbréngen. De Remboursement vum Kafpräis ass garantéiert.
Salmonelle kënne Féiwer, Bauchkrämp an Duerchfall ausléisen, dat ronn 12 bis 48 Stonnen, nodeem ee se zou sech geholl huet. Fir schwanger Fraen, kleng Kanner an eeler Leit besteet ee méi grousse Risiko.