Verschiddene Länner hu scho reagéiert. Just e puer Beispiller Tschechien huet d’"Z"-Symbol mam Hakekräiz gläichgestallt, Lettland huet et verbueden, an och bei eisen däitschen Nopere kann ee sech strofbar maachen, wann een den “Z” als Symbol weist.
E Symbol u sech kann hei am Land net verbuede ginn, explizéiert d’Justizministesch Sam Tanson a präziséiert, datt bei eis méi de generelle Kontext gekuckt gëtt, an deem déi Symboler benotzt ginn.
“Mir hu kee System vu Verbueter vu Symboler, mir hu méi e generelle System wou gekuckt gëtt, wéi de Kontext vun der Aktioun ass. Dat ass net nëmme par Rapport zu Symboler, dat kann och par Rapport zu Wierder sinn, déi ee benotzt oder par Rapport zu Aktiounen, déi ee mécht. Dat heescht mir hu Stand haut och keng aner Symboler déi verbuede sinn.”
Dat bedeit awer nach laang net, datt ee se dierf benotze wéi ee wëll. Et gëtt zwee Cas de figures, wou ee sech strofbar mécht. Zum Beispill wann een e Symbol benotzt, fir zum Haass opzeruffen.
“Dat eent ass, wann et eng Incitation à la haine ass. Dat heescht wann een eppes mécht respektiv e Symbol benotzt, wat géing dozou féieren, datt een zum Haass géint e bestëmmten Deel vun der Populatioun oprifft. Dat kann an deem hei Kontext zum Beispill déi ukrainesch Populatioun sinn, et kann eng Relioun sinn, et kann eng Ideologie sinn, et kann de Genre sinn an do muss d’Geriicht eng Appreciatioun maachen, ob d’Benotze vun engem Symbol an dee Kader fält.”
Strofbar ass et och, e Krich a Krichsverbriechen ze verharmlosen, wa se bis kloer juristesch nogewise sinn.
“D’Cour Pénale Internationale huet sech jo där Saach ugeholl, ass am Gaang ze kucken, ob et Verbrieche géint d’Mënschlechkeet a Krichsverbriechen an der Ukrain gëtt. Wann d’Geriicht zu där Conclusioun kënnt an et seet een duerno, et wier kee Krich, kee Krichsverbriechen oder Verbriechen géint d’Mënschlechkeet, da wier dat och eng Strofdot.”
Dat, seet d’Justizministesch, ass awer eng Prozedur, déi nach leeft. Eng Enquête, déi nach net sou séier dierft ofgeschloss sinn.
