Zwee BlesséierterSAMU am Asaz no Accident tëscht Mëtscheed an Eschduerf

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie kuerz virun 9 Auer huet et um CR314 tëscht Mëtscheed an Eschduerf gerabbelt, wéi zwee Autoen net laanschtenee komm sinn.

Wéi de CGDIS schreift, wieren zwou Persoune verwonnt ginn.

Nieft dem Ettelbrécker SAMU waren och Ambulanze vu Wolz an der Nordstad op der Plaz, grad ewéi d’Pompjeeën Alebesch an Nordstad.

Am Trafic-Info vum ACL war dann och moies ze liesen, dass d’Streck bis ongeféier 10.25 Auer deels blockéiert war.

Back to Top
CIM LOGO