Audit an der Gemeng DippechSchlecht Stëmmung a Malaise beim Personal

Diana Hoffmann
Net just an de Gemenge Sandweiler, Hesper oder Conter hänkt den Hausseege schif. Och zu Dippech ginn et Divergenzen op ënnerschiddlechen Niveauen.
© RTL Archiv

E Méinde war an der Gemengerotssëtzung am Huis clos en Audit diskutéiert ginn. “Mir hunn effektiv am Laf vum leschte Joer gewësse Malaise beim Personal a beim Schäfferot gespuert”, äntwert de Schäfferot schrëftlech op Nofro hin. Doropshin hätt een, mam Accord vum Gemengerot, d’Initiativ geholl, fir eng extern Firma z’engagéieren.

An de Mataarbechter-Gespréicher wier erauskomm, “dass verschidde Gewunnechten um Niveau vum Schäfferot mat zu de Malaise géinge bäidroen”. De Schäfferot hätt gefrot, fir dëst ze dokumentéieren aus der Optik eraus “fir Pisten ze kréien, fir d’Situatioun ze verbesseren”.

No de Mataarbechter-Gespréicher, Eenzelgespréicher mam Schäfferot a Workshoppen, wier een elo beméit, Upassungen um Organigramm an un der Ressortverdeelung vum Schäfferot ze maachen. Wourëm et awer am Detail am Audit geet, doriwwer konnt ee keng Detailer ginn.

Scho méi laang Kritik um Schäfferot

D’Biergerinitiativ Gemeng Dippech kritiséiert da schonn zanter Joren, dass et géing en Dysfonctionnement an der Gestioun vun der Gemeng ginn. “De Rapport de vérification du compte administratif et de gestion vum Inneministère gëtt vu Joer zu Joer méi déck. Dobäi handelt et sech just ëm esou Saachen, déi bannent zwee bis dräi Deeg iwwerpréift konnte ginn”, seet de Sven Schaul. Obwuel den Inneministère ëmmer nees géing bei Kontrolle grave Irregularitéiten a Verstéiss feststellen, géingen et keng Suitte ginn.

D’Gemengeconseillere Sven Schaul a Romain Scheuren (Biergerinitiativ Gemeng Dippech) hunn dann nach gesot, dass den Audit am Huis clos diskutéiert gi wier a si sech deemno net kéinten iwwert de Contenu äusseren. Si géingen awer kee Grond gesinn, wisou dësen am Huis clos sollt sinn. Schliisslech hätt déi extern Consultatioun 57.000 Euro kascht, déi offiziell am Gemenge-Budget festgehale wieren a vun der Allgemengheet géinge bezuelt ginn.

De Schäfferot betount awer, dass d’Decisioun vum Huis clos geholl gi wier, well et ëm eng Partie Informatioune gaange wier, wou hätte missten Nimm genannt ginn. Et hätt awer och kee gefrot, fir ee Punkt an der ëffentlecher Sëtzung bäizehuelen, wat soss gängeg Praxis wier.

Den Dippecher Schäfferot setzt sech aus der Buergermeeschtesch Manon Bei-Roller (LSAP), dem éischte Schäffe Luc Emering (DP) an dem Schäffe Philippe Meyers (LSAP) zesummen. An der Oppositioun sinn d’CSV an d’Biergerinitiativ Gemeng Dippech asbl.

Back to Top
CIM LOGO