
Déi huet sech e Mëttwoch via Circulaire un all d’Mutuellen adresséiert, déi an der CMCM regruppéiert sinn. D’Delegatioun ass entsat iwwert dat, wat sech bei der CMCM gedoen huet.
D’Leit, déi bei der CMCM schaffen, fille sech am Stach gelooss a leiden ënnert der aktueller Situatioun. D’Personal wëll just hir Aarbecht maachen a mam néidege Respekt behandelt ginn. Dat si just e puer Zeilen aus där Circulaire, déi eis virläit.
An deem Schreiwes gëtt direkt schonn am zweete Saz ënnerstrach, dass d’Personal ee grousse Problem mam Generaldirekter huet. Dee war wéinst dem Reproche vu Vetternwirtschaft a wéinst sengem Remuneratiounsmodell staark an d’Kritik geroden.
D’Personaldelegéiert erënneren drun, dass déi Problematik zënter laangem schleeft a mat der Pandemie nach méi schlëmm ginn ass. Resultat war am Mee 2022 ee Bréif iwwert d’Mëssstänn an de Relatioune mam Generaldirekter, ee Bréif, dee vun der grousser Majoritéit vun all de Leit signéiert gouf, déi bei der CMCM schaffen.
De revoquéierte President André Heinen dogéint wier ëmmer eng Vertrauenspersoun gewiescht, deen am Geescht vun der Mutuelle agéiert huet, an ëmmer een oppent Ouer fir d’Problemer an d’Interesse vum Personal hat.
Den André Heinen hätt an deem Esprit jiddwerengem vum CMCM-Personal d’Méiglechkeet vun individuelle Gespréicher ginn, fir d’Situatioun ze analyséieren, déi tëscht dem Personal an dem Generaldirekter entstanen war. Och Leit, déi mat der Gestioun vum Generaldirekter zefridde waren, konnten dem André Heinen hir Doleance matdeelen.
Et wier also falsch, ze soen, dass den Här Heinen just eng Klack wollt héieren, esou wéi dat zwee Administrateuren no der Revocatioun vum President Heinen an enger Circulaire un all d’Mutuelle behaapt hunn.
Et gëtt och drun erënnert, dass ënnert dem President Heinen eng Mediatioun tëscht Generaldirekter a Personal decidéiert gouf, dass de kritiséierte Generaldirekter vun engem Direktiounscomité encadréiert gouf, fir dass hien net méi eleng d’Soen huet. Trotz där Mediatioun sinn d’Problemer tëscht dem Generaldirekter an dem Personal bliwwen. D’Mediatioun wier och quasi am Sand verlaf.
D’Personal hat den Dag no der Revocatioun vum President zwar eng Reunioun mat der neier staarker Ekipp am Verwaltungsrot, do gouf et awer méi Froe wéi Äntwerten. Zënterhier ass een am Flou, esou d’Personaldelegéiert. Vu weiderer Kommunikatioun duerch de Conseil, de Generaldirekter oder d’DRH gëtt et keng Spuer.
D’Leit bei der CMCM fille sech wéi gesot am Stach gelooss, se soe sech schockéiert an enttäuscht. D’Bonifikatiounen zu Gonschte vum Generaldirekter an d’Tatsaach, dass deen och nach Jetone gefrot huet, fir d’Mutuelle am Benevolat ze vertrieden, hätten d’Faass zum Iwwerlafe bruecht.
D’Personaldelegatioun hofft, dass d’CMCM nees zu Rou kënnt, an engem Ëmfeld, an deem all d’Salariéë respektéiert ginn a virun allem nees d’Vertraue vun de Memberen erëmkritt.