Neie Wandpark bei EttelbréckSchwéiertransporter fir Stécker vun den Eoliennen am Land ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch an de Freideg war déi zwee éischt vun dräi Transporter, fir d'Rotorblieder duerch d'Land ze transportéieren.
Neie Wandpark bei Ettelbréck
Schwéiertransporter fir Stécker vun den Eoliennen

Déi éischt Mille vum Wandpark “Nordenergie” gëtt den Ament montéiert, dat um Karelshaff an der Gemeng Ettelbréck. Am Komplizéiertsten ass et, déi dräi Flilleke vum Wandrad op d’Plaz ze kréien.

Dofir sinn opwänneg Spezialtransporter néideg, déi eng Repercussioun op den Trafic hunn. D’Police begleet d’Convoien.

E Mëttwoch war deen éischten vun dräi Transporter. All Kéiers vum Heischtergronn, wou déi knapps 70 Meter laang Rotorblieder tëschegelagert ginn, iwwer Feelen a Mäerzeg bis op de Karelshaff.

Trotz Reen a Wand huet den éischte Flillek d’Zil ouni Tëschefall erreecht.

E Freideg huet d’Meteo dem Transport kee Stréch duerch d’Rechnung gemaach. D’Eolienne soll an der Mëtt vum Joer Stroum produzéieren. Dat fir ongeféier 1.850 Stéit.

Back to Top
CIM LOGO