
Sou zum Beispill zu Bouneweg an der Rue du Puits, wou e staark alkoholiséierte Mann matzen op der Strooss louch. Well hien dem Policebulletin no eng Gefor fir sech an och aner Leit duergestallt huet, gouf hie fir d’éischt medezinesch ënnersicht an duerno an eng Ausniichterungszell bruecht.
Dee selwechten Owend krut d’Police e Mann gemellt, deen an engem Spidol am Rollengergronn randaléiert hat. Och hie stoung ënnert enormem Alkoholafloss a gouf an eng Ausniichterungszell bruecht.