Aus dem PolicebulletinSech ëffentlech de Batti gestallt, Handy am Garer Quartier geklaut

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwochowend hat d'Police et mat engem Déifstall a mat Persounen ze dinn, déi sech an der Ëffentlechkeet donieft beholl hunn.

Kuerz virun 20 Auer krut d’Police en Déifstall op der Place de la Gare am Garer Quartier gemellt. Hei krut eng Fra den Handy vun zwee Täter aus dem Grapp gerappt. Et gouf eng Enquête lancéiert.

Och am Garer Quartier gouf kuerz viru Mëtternuecht eng Kläpperei an engem Lokal an der Stroossbuerger Strooss gemellt. D’Police konnt op der Plaz en alkoholiséierte Mann untreffen, dee refuséiert hat, d’Lokal ze verloossen. Doropshi koum et zu enger Ausenanersetzung mam Personal. De Mann gouf vun engem Dokter ënnersicht a koum duerno an eng Ausniichterungszell.

Kuerz no 22 Auer krut d’Police eng Fra gemellt, déi an der Rue Antoine Zinnen zu Diddeleng randaléiert hat. Och si war staark alkoholiséiert an ass de Beamte géigeniwwer souguer handgräiflech ginn, wouropshi si och an eng Ausniichterungszell koum. Si krut ausserdeem e Protokoll wéinst Rebellioun.

Back to Top
CIM LOGO