
Dat direkt dräi Kéieren, well sech zwee Ween ze pake kruten. Dat zu Huldang an zu Habscht, wou och all Kéier eng Persoun verwonnt gouf, wéi och op der A1 a Richtung Tréier, wou et beim Materialschued bliwwen ass.
Da war tëscht Buerglënster Jonglënster en Auto an de Summerwee geroden, hei gouf eng Persoun verwonnt. Eng änlech Situatioun gouf et tëscht Ell e Biekerech, hei gouf kee Blesséiert.
En Accident mat dräi Gefierer gouf et zu Diddeleng. D’Rettungsekippen hu sech ëm ee Verletzte misste këmmeren.