CGDIS deelt matSechs Leit bei Accident an der Industriezon Riesenhaff blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg géint 15.30 Auer koumen zwee Autoen an der Industriezon Riesenhaff an der Gemeng Rammerech net laanschteneen.
© Domingos Oliveira

Sechs Persoune goufen am Accident blesséiert, wéi et am CGDIS-Bulletin heescht. RTL-Informatiounen no gouf eng Persoun méi schwéier blesséiert, déi aner fënnef Betraffe méi liicht. Wéinst de ville Blesséierte waren och vill Secouristen op der Plaz, notamment eng Ambulanz aus der Nordstad, eng vu Rammerech, zwou vu Réiden op der Atert, eng vu Wolz an ee Samu vun Ettelbréck.

Back to Top
CIM LOGO