
Kuerz viru 17 Auer sinn déi zwee Gefierer op der Kräizung zu Bidscht net laanschtenee komm. Sechs Leit si fir eng Kontroll an d’Spidol komm, sou d’Police op Nofro hin. Wéi am Bulletin vum CGDIS ze liesen ass, goufe bei dësem Accident dräi Persoune blesséiert.
Op der Plaz waren de CGDIS an d’Police.
Fir owes géint 19.40 Auer mellt de CGDIS dann nach en Accident tëschent zwee Gefierer um CR110 zu Esch a Richtung vun der A13. Eng Persoun ass hei blesséiert ginn.
An der Nuecht op e Sonndeg kuerz virun 2 Auer louch an der Rue Batty Weber um Lampertsbierg en Auto op der Kopp, woubäi och eng Persoun blesséiert gouf a kuerz no 2 Auer ass op der N12 tëschent Groussbus an dem Léierhaff en Auto am Gruef gelant. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.
Um kuerz no 11 Auer e Sonndeg de Moien, koum et zu engem Accident zu Leideleng, sou de CGDIS a sengem Bulletin. An der Lëtzebuerger Strooss krute sech zwee Gefierer ze paken. Eng Persoun gouf hei blesséiert.