Op der PompelBensinn an Diesel gi méi bëlleg, Masutt dogéint méi deier

Tom Nols
Wärend d'Präisser vum Diesel, vum 95er a vum 98er Bensinn no Hallefnuecht erof ginn, gëtt den Heizungsmasutt méi deier.
© RTL Archiv

De 95er Bensinn gëtt 1,9 Cent de Liter méi bëlleg a kascht no Hallefnuecht 1,629 Euro.

Beim 98er Bensinn a beim Diesel ass et pro Liter eng Baisse vun 3,1 Cent de Liter op 1,780, respektiv 1,592 Euro.

Beim Heizungsmasutt klëmmt de Präis fir e Liter ëm 2 Cent op 1,075 Euro.

© RTL Grafik

D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.

Back to Top
CIM LOGO