
An der Stater Montée de la Pétrusse war géint 17:30 Auer en Auto an eng Mauer gerannt, wouduerch zwou Persoune blesséiert goufen. Den Accident, bei deen déi lokal Rettungsekippe geruff goufen, hat temporär fir massive Stau an der Stad gesuergt.
Bannent manner wéi enger Stonn gouf et dann nach zwee Accidenter, bei deenen allkéiers e Motorrad mat engem Auto kollidéiert war, dat um 17:52 Auer an der Stengeforter Strooss zu Klengbetten a géint 18:40 Auer an der Avenue du Dix Septembre an der Stad. Et gouf jeeweils ee Blesséierten.
Um 22 Auer dann nach en Accident an der Stad mat zwee Autoen, dës Kéier an der Avenue Emile Reuter. Blesséierter gouf et hei keng.