Duerch déi héich Temperaturen am FréijoerDäitlech méi Eichenprozessionsspinner dëst Joer

Marlène Clement
E gesäit harmlos aus, kann awer fir Mënsch an Déier eng reell Gefor duerstellen: Den Eichenprozessionsspinner mécht sech aktuell nees verstäerkt am Grand-Duché breet.
Däitlech méi Eichenprozessionsspinner dëst Joer
Si gesinn harmlos aus, kënnen awer fir Mënsch an Déier eng reell Gefor duerstellen.

Elleng d'Stad Lëtzebuerg huet an de leschten zwee Méint eng 180 Näschter vun Eichenprozessionsspinner vun de Beem geholl. Dat sinn der däitlech méi ewéi d'lescht Joer.

Do waren et der knapp 25, präziséiert den Jimmy Gales vum Service Parcs vun der Stad Lëtzebuerg.

Den Eichenprozessionsspinner ass nämlech frou mat der Hëtzt. Duerch déi héich Temperaturen am Fréijoer konnt e sech dëst Joer extra gutt verbreeden.

Esou och zu Zéisseng, net wäit vum Kuelebierg. 54 Näschter goufe schonn an de leschte Woche vun den Eeche geholl, eng 20 mussen der nach fort gemaach ginn.

D'Gefor hëlt awer elo lues a lues of. Geféierlech ass den Eichenprozessionsspinner nämlech just a senger drëtter Larvephas tëschent Mee a Juni, wann en als Raup seng gëfteg Brennhoer kritt. Elo kéim en an e Stadium, wou e géing ufänken, sech ze verpoppen, ier e sech dann tëscht Enn Juli an Ufank August an e Päiperlek verwandelt.

Bis dohinner gëllt et awer virsiichteg ze sinn an Ofstand ze halen, wann een esou en Nascht gesäit, fir kee Risiko anzegoen, recommandéiert de Jimmy Gales.

D'Hoer un der Raup kënnen nawell zolidd allergesch Reaktioune bei Mënsch an Déier provozéieren, well se Nesselgëft enthalen. Bei Wand kënne se och an d'Otemweeër oder an d'Ae geroden.

Et sollt een déi Näschter och op kee Fall selwer ewechmaachen, mee direkt der Gemeng Bescheed soen, déi se da fort hëlt. Wien a Kontakt mat den Hoer kënnt, soll dës direkt ofwäschen, respektiv ofduschen.

Et misst ee sech drop astellen, dass, wat et méi waarm gëtt, ëmmer méi Eeche géinge befall ginn. D'Stad Lëtzebuerg wier och am Austausch mat anere Gemenge fir ze kucken, wéi een dat an de Grëff kritt.

Verschidde Gemenge géinge méi Vullenhaisercher ophänke fir d'Meesen, well dat eng vun den eenzege Vullenaarte wier, déi d'Raup och frësst. Et wier een och amgaangen, no Eechenzorten ze kucken, bei deenen de Risiko mam Befall méi kleng ass.

Back to Top
CIM LOGO