
Zu Lëtzebuerg geet d’Majoritéit vun de Leit nach ëmmer am léifsten nei Kleeder kafen. Eng ganz Partie Gerantë vu “Second Hand"-Butteker aus der Stad hunn eise Kolleege vun RTL Infos géigeniwwer awer erkläert, datt si an de leschte puer Méint eng extrem positiv Entwécklung gesinn hunn. Deemno hätte vill Leit aktuell manner Problemer domat, “Occasiounskleeder” ze kafen.
Ma net nëmmen d’Demande vu “Second Hand"-Kleeder geet erop, mee och d’Offer. Gouf et 2019 véierzéng “Second Hand"-Butteker zu Lëtzebuerg, ginn et mëttlerweil 20 esou Lokaler, 9 dovunner an der Stad Lëtzebuerg.
Wat d’Keefer vu “Second Hand"-Kleeder ugeet, menge verschidden Acteuren aus der Zeen, datt d’Clienten och hiert Verhale geännert hunn. Deemno wiere si haut houfreg drop, a “Second Hand"-Butteker hir Kleeder ze kafen a si géifen dat och no baussen droen an domat potentiell nei Clienten op d’Butteker opmierksam maachen. Donieft ass et finanziell gesinn och méi rentabel, “Second Hand"-Kleeder ze kafen.
Weider Informatioune fannt Dir am kompletten Artikel bei eise Kolleegen vun RTL Infos.