
Sou zum Beispill géint 12.30 Auer zu Ettelbréck. Hei krut de CGDIS e Mann gemellt, dee medezinesch Hëllef gebraucht, ma sech dem Policebulletin no als extreem alkoholiséiert, aggressiv an onkooperativ erausgestallt huet. De Mann huet ee vun de Secouriste souguer ugespaut an huet sech net berouege gelooss, wouropshin d’Police agegraff an d’Ambulanz bis bei d’Spidol begleet huet. Nodeems de Mann ënnersicht gouf, koum hien an d’Ausniichterungszell.
Am spéiden Nomëtteg war et dann en alkoholiséierte Mann an der Stad, deen eng Chauffesch vum Tram beleidegt a refuséiert huet, aus dësem erauszeklammen. Och hie koum an eng Ausniichterungszell, nodeems hie sech der Police géigeniwwer beleidegend an onkooperativ verhalen huet.