Ënner anerem staark Hausse vun de FluchpräisserServicer a Liewensmëttel sinn am Mee méi deier ginn

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Statec e Mëttwoch ëm d'Mëttesstonn matdeelt, ass de Präisindex am Mee am Verglach zum Abrëll ëm 0,3 Prozent liicht geklommen.

Dës Hausse géif sech virun allem duerch méi héich Präisser am Secteur vun de Servicer erklären. Fluchtickete sinn zum Beispill par rapport zum Mount virdrun ëm 19 Prozent méi deier ginn an och bei den Tariffer fir Crèchen a Foyere gouf et eng Hausse vun 8,6 Prozent. Bei der Telekommunikatioun war et eng Hausse vun 8 Prozent. Iwwert ee Joer sinn d’Präisser vu Servicer allgemeng ëm 4 Prozent geklommen.

Och d’Liewensmëttel goufen am Verglach zum Abrëll am Mee ëm 0,3 Prozent méi deier. Am stäerkste war d’Hausse bei Produite wéi frësche Mieresfriichten (+5,3%) an Olivenueleg (+3,7%). Am Joresverglach ass de Präis bei der Alimentatioun ëm 2,1 Prozent geklommen.

Op der Pompel sinn d’Präisser zwar zeréckgaangen, am Verglach zum Mee 2023 kaschte Pëtrolsproduiten awer nach 4,2 Prozent méi.

De järlechen Inflatiounstaux ass am Mee op 2,6 Prozent geklommen, par rapport zu 2,4 Prozent am Mount virdrun.

De Rapport vum Statec kënnt Dir hei noliesen.

Back to Top
CIM LOGO