Mir haten Iech op dëser Plaz driwwer geschwat a wéi engem schlechten Zoustand den "de Roude Fiels" ass. Wéi Servior um Freideg de Moien an engem Communiqué schreift, ass en neit Haus elo fir 2025 geplangt.
De Projet gouf elo definitiv ugeholl. Fir 37 Millioune sollen 120 Kummeren a Logementer gebaut ginn, déi den neiste Sécherheetsnormen a Reglementatiounen entspriechen.
Vun 2022 u ginn d'Residenten an d'Mataarbechter an eng nei Residenz op Déifferdeng verluecht. D'Zäit wou dat aalt Altersheem zu Rëmeleng ofgerappt an dat neit opgeriicht gëtt. D'Aarbechte sollen 2025 fäerdeg sinn.
Servior erënnert d'Leit iwwerdeems drun, datt een aus organisatoresche Grënn e Rendezvous muss froen, wann ee Familljememberen an d'Altersheemer aus hirem Grupp well besichen goen.