Geréiert d’RentereservSicav vum Kompensatiounsfong mécht nees gudde Rendement

RTL Lëtzebuerg
De Kompensatiounsfong, deen d’Rentereserv geréiert, huet mat sengem Investitiounsfong (SICAV) d’lescht Joer nees e ganz gudde Rendement verzeechent.
© RTL-Grafik

An zwar 11,86 Prozent oder ronn 2,9 Milliarden Euro. Dat ass op en Neits haaptsächlech op d’staark Performance op den Aktiemäert zeréckzeféieren, esou de Kompensatiounsfong e Freideg an enger Matdeelung.

D’2023 hat d’Sicav schonn e Rendement vun iwwer 10 Prozent gemaach, iwwerdeems et 2022 fir d’éischte Kéier e negatiivt Resultat gi war. Wéi vill elo genee an der Rentereserve ass, huet de Kompensatiounsfong net matgedeelt. Mee Enn 2023 louch se iwwer 27 Milliarden Euro, esou datt se elo ëm 30 Milliarden Euro dierf leien.

Iwwerdeems d’Regierung aktuell u Proposë fir eng Pensiounsreform schafft, ass de gudde Rendement vum Kompensatiounsfong sécherlech eng gutt Nouvelle. Allerdéngs ännert et näischt dorunner, datt am Regime général vun de Pensiounen d’Ausgabe weider méi séier klammen, ewéi d’Recetten. D’Ausgabe wäerte viraussiichtlech 2027 méi héich leien, ewéi d’Recetten. Dat, well ëmmer méi Renten ausbezuelt ginn déi nächst Joren, mee net entspriechend méi nei Aarbechtsplazen a Cotisatioune geschaaft ginn.

Enn 2023 huet d’Rentereserven en Equivalent vu 4,25 Mol d’Joresausgabe gedeckt.

Back to Top
CIM LOGO