
Den interkommunale Syndikat Sidec huet op Facebook en Opruff gestart, fir al Spillsaachen an hire Ressourcezenteren ofzeginn, amplaz se ewech ze geheien.
Bei der ReUse-Aktioun, déi dat ganzt Joer an allen Zentere leeft, kréien d’Spillsaachen nämlech en zweet Liewen.
E klenge Bonus gëtt et iwweregens och: et dierf een och eng Spillsaach mat heem huelen!