1,3 Millioune Luuchten an der StadSinn d'Winterlights virum Hannergrond vun héijen Energiepräisser zäitgeméiss?

Marc Hoscheid
Vum 22. November bis den 1. Januar organiséiert d'Stad Lëtzebuerg jo nees d'Winterlights.

Déi regruppéiere 5 Chrëscht- respektiv Wantermäert, déi op der Place d’Armes, bei der Gëlle Fra, op der Kinnekswiss, op der Place de Paris an um Knuedler organiséiert ginn. Am Ganze sinn 99 Aussteller present. Passend zum Numm Winterlights wäert d’Stad an deem Zäitraum rëm mat enger Partie Luuchten dekoréiert ginn. Dobäi stellt sech d’Fro, wéi zäitgeméiss dat virum Hannergrond vun extrem héijen Energiepräisser ass.

Virun zwee Joer war et nach den Opruff vun der Regierung, datt ee wéinst dem Krich an der Ukrain an den héijen Energiepräisser Stroum spuere soll. De Krich ass nach ëmmer am gaangen, iwwert d’Energiespuere gëtt awer net méi ganz vill geschwat. Net manner wéi 1,3 Millioune Luuchte komme wärend de Winterlights an den Asaz. Gesäit ee bei der Stad Lëtzebuerg also kee Grond, fir Stroum ze spueren? Déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer gesäit dat anescht.

“Ganz au contraire, ech mengen all déi Points lumineux, déi si mat LED-Luuchten, déi ganz ganz ganz wéineg verbrauchen. A wat mer och zanter dem leschte Joer maachen, d’Zäiten, wou mer d’Luuchten umaachen, si vill méi beschränkt. Dat ass vu moies, wou een dovu kann ausgoen, datt d’Leit op eemol ënnerwee sinn, vu 6 bis 8, wann et dann hell gëtt, gi se rëm ausgemaach. An da Nomëttes si se vu 4 Auer, well da fänkt et jo scho rëm un nees bëssi däischter ze ginn, bis owes 11 oder heiansdo hallwer 12 un.”

Et wier wichteg, an der däischterer Joreszäit awer eng gemittlech Atmosphär, an där d’Leit gären zesummekommen, ze kreéieren an do wieren d’Luuchten nu eemol ee ganzt wichtegt Element. Et géing een awer gläichzäiteg dorobber oppassen, datt dofir den absolutte Minimum un Energie gebraucht gëtt.

Wéi héich de Stroumverbrauch vun de Luuchten dëst Joer ongeféier wäert sinn, konnt d’Stad Lëtzebuerg e Freideg iwwerdeems net soen. Dat engersäits, well d’Zäiten, wéini d’Luuchten ugemaach ginn, vun der Hellegkeet dobaussen ofhänke géingen an anerersäits, well dëst Joer wesentlech méi Luuchten am Asaz wiere wéi d’lescht Joer.

Back to Top
CIM LOGO