Do weess een iergendwann net méi, wou engem de Kapp steet. Elo huet den Institut Luxembourgeois de Régulation eng Léisung a Form vun engem Online-Tool erausbruecht, deen zanter en Donneschdeg disponibel ass.
D’Konkurrenz gëtt ëmmer méi grouss um Marché a jidderee wëll seng Offer un de Client bréngen, do ass et dacks schwéier sech erëmzefannen. De Client muss doduerch ëmmer besser informéiert ginn an d’Offere vergläiche kënnen. Dowéinst stellt den IRL elo en neien Tool bereet, deen et erlaabt, all Offeren an der Telekommunikatioun ze vergläichen.
Op SmartCompare.lu kann een den direkte Verglach maachen an esouguer uginn, wat d’Haaptkrittäre solle sinn. De Vergläichstool soll dem Konsument en transparenten an onofhängege Verglach offréieren an och déi aktuellsten Informatioune liwweren, wéi den Direkter vum IRL Luc Tapella erkläert.
“Haut hu mer en neien, dynameschen a flexibelen Tool, dee sech ëmmer erëm ännert. Dat heescht, wärenddeem mir schwätzen, ass et méiglech, dass nei Offeren erauskommen. An et sinn d’Operateuren, déi d’Mise à jour maachen, dat heescht, wa se nei Offeren hunn, hu se d’Obligatioun, se och bei ons am Tool ze publizéieren. Et ass also en Tool, deen à jour ass an dee stänneg wäert evoluéieren.”
D’Operateure mussen d’Informatiounen ausserdeem an engem bestëmmte Format androen, fir dass de Client se besser versteet. Et geet dem IRL awer net dorëm, de Konsument vun enger bestëmmter Offer ze iwwerzeegen.
“Et ass e Comparateur, dee mir iech presentéieren a mir maache kee Rating, et ass eng transparent Presentatioun vun den Offeren, déi um Marché sinn. Mir soen net, wien de Beschten ass, well et ass keen de Beschten. Et geet dorëm, dass de Konsument duerch déi Filteren eraussicht, wat e brauch. Par Rapport vu senge Besoine fënnt ee verschidden Offeren. Deen een ass méi interesséiert um bëllege Präis, deen aneren ass méi dorun interesséiert, méi héich Vitess ze kréien. Dat hänkt vu senge Besoinen of.”
Dësen Outil evitéiert, dass een eenzel bei all Provider goe muss an ee kee Bild vum Ganze kritt. D’Servicen, déi ee vergläiche kann, sinn de Festnetz, Internet, d’Tëlee an d’services mobiles. Et kann ee se och kombinéieren. Den Tool fënnt een op Smartcompare.lu, an ass gratis.
Bei Froen huet de Smart Compare eng Säit mat heefeg gestallte Froen, déi och déi verschidden Technologien erkläert. Wann ee Problemer fënnt oder een eppes net versteet, kann ee se op der Internetsäit mellen.