Chamberwalen: Wie wielen?Smartwielen.lu hëlleft Iech dobäi, Är Stëmm ofzeginn

Anne Wolff
No de Walen ass virun de Walen an esou lues stellt sech deen een oder anere vläicht schonn d'Fro, wiem en am Oktober seng Stëmm fir an d'Chamber gi soll.
Smartwielen.lu hëlleft Iech dobäi, Är Stëmm ofzeginn
No de Walen ass virun de Walen an esou lues stellt sech deen een oder anere vläicht schonn d’Fro, wiem en am Oktober seng Stëmm fir an d’Chamber gi soll.

Do mangelt et gewéinlech net u Kommunikatioun vun de Parteien, fir een ze iwwerzeegen. Ma fir an der Hellewull u Flyeren a Verspriechen net den Iwwerbléck ze verléieren an eege Froen un d’Politik ze stellen, proposéiert den Zentrum fir politesch Bildung eng Léisung.

Iwwert de Site vu Smartwielen.lu kann een eege Froe proposéieren. Wichteg wier et, dobäi konkret ze sinn, erkläert de Marc Schoentgen, Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung: “Et geet jo drëms, d’Ënnerscheeder tëscht deene verschiddene Parteien a Kandidaten erauszeschaffen. Natierlech wäert et och änlech Positioune ginn. Thematesch sinn et änlech Kategorië wéi 2018, also zum Beispill Logement, Mobilitéit, Klima, Gesondheet.

Et kann een awer och eege Kategorië proposéieren. De Choix vun de Froen, awer och d’Analys vun der Kompatibilitéit, wier anonym an neutral.

Dofir wier den Tool esou ugeluecht, dass Memberen aus der Zivilgesellschaft och hir Froen erareechen an net nëmmen den Zentrum fir politesch Bildung an d’Uni Lëtzebuerg de Katalog opstellen, erkläert de Pit Weber, dee fir de Site responsabel ass. Et géifen och keng Donnéeë vun den Utilisateure gespäichert ginn.

Nach bis de 5. Juli kann ee seng eege Froen erareechen. Duerno gëtt dann e Choix gemaach vun deene Froen, déi un d’Parteien an un d’Kandidate geschéckt ginn. Vum 8. September u kann een da kucken, wien am beschten zu den eegenen Iddie passe kéint.

Back to Top
CIM LOGO