Firwat eigentlech 60?Sollt d'Zuel vun den Deputéierten an der Chamber adaptéiert ginn?

RTL Lëtzebuerg
Wéi kënnt d'Zuel vun deene 60 Deputéierten eigentlech zustanen a sinn dat der genuch, fir déi politesch Aarbecht ze meeschteren?
© RTL Grafik

Misst d’Zuel vun eise Parlamentarier net ieren erhéicht ginn, wann d’Bevëlkerung wiisst? Ëmmerhi gëtt déi politesch Aarbecht an Zukunft net manner.

De Robin Garganese vum Zentrum fir politesch Bildung erkläert, firwat eigentlech 60 Deputéiert an der Chamber sëtzen:

Firwat 60 Deputéierter?
Firwat 60 Deputéierter?

Dat mengen d’Parteien

Mir wollten och vun de Parteie wëssen, ob si der Meenung sinn, dass d’Zuel vun den Deputéierten an der Chamber adaptéiert misst ginn. Dowéinst hu mir hinne folgend Fro gestallt:

Soll d’Zuel vun den Deputéierten an der Chamber no uewen oder ënnen adaptéiert ginn?

Hei fannt Dir den Iwwerbléck vun hire Positiounen:

Keng Adaptatioun vun der Zuel vun den Deputéierten: LSAP, DP, Déi Gréng, CSV, Piraten

Mir si bereet, iwwer eng Erhéijung vun der Zuel vun de Sëtz ze diskutéieren: ADR

Et misst iwwer eng Erhéijung vun der Zuel vun den Deputéierten nogeduecht ginn: Déi Lénk

D’Zuel vun den Deputéierte sollt reegelméisseg un d’Zuel vun der Bevëlkerung ugepasst ginn: Volt, Déi Konservativ

D’Zuel vun den Deputéierte sollt erhéicht ginn: Fokus, KPL

Liest déi komplett Äntwerte vun de Parteien:

LSAP
DP
Déi Gréng
CSV
Déi Lénk
ADR
Piraten
Fokus
Volt
KPL
Déi Konservativ

Hei fannt Dir déi aner Deeler vun eiser Serie “Demokratie-Check":

Krautmaart amplaz Clairefontainesplaz: Firwat wiele mir e Parlament a keng Regierung?

De Wielerwëllen: Muss d’Partei mat de meeschte Sëtz an der Regierung vertruede sinn?

Inhaltlech sënnvoll oder ze grousse Workload? Wéi vill Ministerposte sollt eng Persoun besetze kënnen?

Neien Input oder op Erfarung setzen? Sollen d’Mandatsperiode fir Ministere limitéiert ginn?

Cumul vu Muecht oder Representatioun vu lokalen Interessen? Sinn d’Duebelmandater nach zäitgeméiss?

Lokal Representatioun op nationalem Niveau: Géif eng zweet Parlamentskummer zu Lëtzebuerg Sënn maachen?

Representativitéit: Ee grousse Walbezierk amplaz vu 4?

Back to Top
CIM LOGO