Psychologesch Hëllef um TelefonSOS Détresse sicht no Benevollen

RTL Lëtzebuerg
All Joer féiert SOS Détresse ronn 4.000 Gespréicher mat Mënschen, déi Hëllef brauchen. Elo sicht d'Organisatioun no Benevollen.

SOS Détresse sicht no Benevollen / Reportage: Carla Schuller

Ob ee sech eleng fillt, e Gespréichspartner oder Hëllef brauch, dem Wonsch no engem Austausch mat engem anere Mënsch kënnt SOS Détresse mat verschiddene Servicer entgéint.

Vun nächstem Joer u bitt d’Organisatioun en neie Grondausbildungscours op Lëtzebuergesch fir Benevollen un. Heiansdo hale Fräiwëlleger aus verschiddene Grënn stënterlech op. Et mussen also ëmmer nei Fräiwëlleger forméiert ginn, fir datt SOS Détresse konkret kann Hëllef ubidden. Esou huet d’ASBL nieft de professionelle Servicer nach weider fräiwëlleg Hëllef, fir all Demandë kënnen unzehuelen.

D’Aarbecht no der Ausbildung besteet aus 4-Stonne-Schichten, wou ee bereet steet, fir iwwer Telefon, Mail oder Chat eenzel mat de Leit iwwert hir problematesch Situatioun ze kommunizéieren.

Benevol Mataarbechter ze fannen, ass awer net ëmmer ganz einfach. Och wa vill Leit sech mellen, muss et vu béide Säite passen, esou d’Doktesch Jessica Levy, Psychologin bei SOS Détresse:

“Dat wat mir ubidden, souwuel d’Ausbildung wéi och herno déi Aarbecht, dat ass zäitlech an emotional schonn zimmlech intensiv, dat heescht, do muss ee sech och wierklech wëllen a kënnen drop aloossen an dofir ass et och wichteg, dass mer déi Leit, déi sech interesséieren, och wierklech gutt informéieren am Viraus, wat dat beinhalt an dofir hu mer och perséinlech Kenneléier-Gespréicher virdrun an dofir ass et och einfach wichteg, dass sech méiglechst vill Leit mellen, fir dass mer wierklech och déi Leit kënne fannen, déi genau dofir gemaach sinn, déi gutt dozou passen.”

Dat soll d’Leit awer net dovun ofhalen, sech ze mellen. Och den Alter spillt keng wichteg Roll.

“Am Prinzip ka jidderee sech mellen, dee gären nolauschtert, deen interesséiert ass um Mënsch, dee gäre fir anerer do ass an et brauch ee keng Virkenntnesser. Dofir hu mer eeben déi laang Ausbildung, fir da wierklech och ze preparéieren op déi Aarbecht, spéider um Telefon oder online. Egal ob een 30 ass oder 60, ob ee grad ugefaangen huet mat schaffen oder amgaangen ass an d’Pensioun ze goen. Wierklech jiddereen, deen um Mënsch interesséiert ass, dee ka sech gäre mellen.”

Leit, déi sech mellen, solle sech och bewosst sinn, dass dës Aarbecht en zäitlechen Invest mat sech bréngt an och Oppenheet fir verschidde Problemer erfuerdert.
Et léiert een an der Basis-Formatioun net nëmme psychologesch Mechanisme kennen a wéi ee mat de Leit a Krisesituatioune schwätzt, mee et fënnt een och méi iwwert sech selwer eraus. D’Ausbildung dauert ronn annerhalleft Joer an d’Coursë sinn an der Reegel Mëttwochs owes.

D’Formatioun fänkt den 1. Februar d’nächst Joer un, Informatiounsgespréicher sinn zanter Enn Oktober. Et geet duer, eng Mail u benevolat@sosdetresse.lu ze schécken.

Back to Top
CIM LOGO