Avis zum BudgetsprojetStaatsbeamtekummer: E staarke Staat ass néideg

RTL Lëtzebuerg
Am Avis vun der Chambre des fonctionnaires et employés publics iwwert de Budgetsprojet gëtt och e Bléck op d'Rentendebatt gehäit.

D’Staatsbeamtekummer warnt d’Regierung virun Upassunge bei de Renten, ouni d’Sozialpartner ze froen. D’CHFEP schreift an hirem Avis zum Budgetsprojet fir d’nächst Joer, datt d’Regierung d’Leit schonn duerchernee gemaach hätt, wat zu Tensioune gefouert hätt.

An hiren Ae géing et och näischt bréngen, bis d’Joer 2070 ze kucken an den Däiwel un d’Mauer ze molen.
Wat de Budgetsprojet u sech ugeet, ënnersträich d’Staatsbeamtekummer, datt d’Recettë méi séier geklomme wieren, ewéi d’Depensen. Se betount dann och, datt e staarke Staat néideg wier, ënnert anerem och, well d’administrativ Vereinfachung zwar manner Demarche vun de Bierger géing bedeiten, mä méi Aarbecht fir d’Beamten.

PDF: De Resumé Avis vun der CHFEP

Back to Top
CIM LOGO