Eng Rei Oppositions formellesStaatsrot gesäit juristesch Problemer beim "Once-Only"-Gesetzesprojet

Céline Eischen
Scho virun zwee Joer gouf de Gesetzesprojet iwwer de sougenannte "Once-Only Prinzipp" vun der Digitaliséierungsministesch Stéphanie Obertin presentéiert.
© RTL-Archiv

Domat soll den Austausch vun digitalen Donnéeën tëscht de staatleche Verwaltunge méiglech gemaach ginn an d’Bierger ginn esou bei hiren Demarchen entlaascht. Ma esou gutt wéi dat och klengt, ginn et do eng Rei juristesch Bedenken, dat seet op d'mannst de Staatsrot an hirem Avis vu leschtem Freideg.

Den Austausch vun digitalen Donnéen tëscht de staatleche Verwaltunge soll méi einfach, an d'Leit entlaascht ginn. Nach ginn et awer juristesch Bedenken.

Et ass ee bekannte Problem: Als Privatpersoun oder Betrib muss ee bei administrativen Demarchen, sief et beim Staat oder de Gemengen, ëmmer nees eng Rei Donnéeën uginn, eppes wat vill Zäit kascht. Mam Once Only soll dat vereinfacht ginn. D'Digitaliséierungsministesch Stéphanie Obertin hat 2024 schonn ee Gesetzesprojet presentéiert fir ee juristesche Kader ze schafen deen dësen Daten-Austausch tëscht dem Staat, de Gemengen an de Bierger soll reegelen.

Mee wat op der enger Säit Erliichterunge bréngt, muss och op der anerer Säit anstänneg encadréiert sinn. A genee do hänkt et: De Gesetzestext esou wéi en elo proposéiert gëtt, mécht den Echange tëscht den Donnéeë relativ fräi tëscht de sougenannten Entités Publiques méiglech. Dat steet allerdéngs a ville Punkten am Konflikt mam bekannten Europäeschen RGPD Reglement, wat virgesäit, datt d'Donnéeë minimiséiert solle ginn: Dat heescht, et däerfe just Donnéeë gesammelt, ugezaapt oder viru geleet ginn, wann ee spezifesche Grond dofir feststeet. Wann also alleguer d'Verwaltungen ouni ee méi spezifesche gesetzleche Kader d'Donnéeë vun de Bierger kënnen ënnerteneen austauschen, widdersprécht dat dësem Prinzip. Donieft stellt de Staatsrot och eng Rei juristesch Onsécherheete fest.

Ënnert dem Stréch ass d'Kritik déi, datt net genuch preziséiert ass, wéi eng ëffentlech Entitéite wéi eng Donnéeën a wéi enge Fäll mateneen austauschen dierfen. De Gesetzestext proposéiert, datt dat mat Protokollen oder och Reglement Grand-Ducauxe soll gemaach ginn. Fir de Staatsrot ass awer kloer: Dat muss iwwer Gesetzer gereegelt ginn.

Ass de Gesetzesprojet dann elo iwwerhaapt nach ze realiséieren?

Déi héich Kierperschaft mécht hei eng Rei Suggestiounen. Well den Text immens vast ass, gëtt proposéiert, datt ee sech, wat den Austausch vun Donnéeën ugeet, an enger éischter Phas op d'Administratioune vum Zentralstaat soll limitéieren. Also net d'Gemengen oder aner ëffentlech Etablissementer. Dofir bräicht et awer och ee méi klore gesetzleche Kader, dee virgëtt, wéi eng Kategorie vun Donnéeën ënner wéi enge Konditiounen aus wéi enge Grënn kënnen ausgetosch ginn.

Dat alles ass elo natierlech eng ganz vereinfacht Duerstellung vum Avis. An Zäite vun ëmmer méi Digitalisatioun a Kënschtlecher Intelligenz gëtt dacks gesot, datt d'Donnéeën d'Gold vum 21. Joerhonnert sinn. Also léiwer méi virsiichteg domat ëmgoen, esou kann een op d'mannst den Avis vum Staatsrot verstoen.

Back to Top
CIM LOGO