
Datt d'EU weider géif nokucken, wéi Israel seng Siidlungspolitik weiderdreift an domat d'Entstoe vun engem Zwee-Staate-Modell onméiglech mécht, fënnt de Lëtzebuerger Ausseminister "schlëmm a krass".
Et wier ze laang nogekuckt ginn, wéi den Netanjahu-Regime an de Palästinenserterritoiren an am Libanon agéiere géif, mee d'Näischt-Maache géif dem Pouvoir zu Tel Aviv nëmmen an d'Kaarte spillen, sou de Xavier Bettel, deen e Méindeg de Moie virun der internationaler Press däitlech Wierder fonnt huet.
"Das ist das hundertste Mal, wo wir darüber reden, wie wir Druck auf Israel machen können, wie wir eine Lösung finden können. Und jedes Mal war es am Anfang immer, nein, geht nicht, wir brauchen Einstimmigkeit. Und jetzt haben wir, ich bin der Überzeugung, auch Mehrheitsabstimmungen, die möglich sind, alles, was auch kommerziell ist. Es sind ja keine Sanktionen, es sind ja kommerzielle Verbindungen, da können wir ja auch etwas ausmachen. Ich gehöre zu den Ländern, ich war ja sehr pragmatisch, auch am Anfang, habe gedacht, wir müssen diplomatische Lösungen finden, aber ich bin mit meinen Latein am ein Ende. Und wenn wir einfach nachgucken und ich habe das Gefühl, dass es jetzt ein bisschen weiterkommt, aber in der Kommission habe ich das Gefühl, dass es auch keine Einstimmigkeit gibt in der Kommission."
Datt e Méindeg Handelssanktioune géint Israel decidéiert wäerte ginn, schéngt awer net realistesch.
Um Dësch läit zwar e Pabeier vun der EU-Kommissioun, wou Méiglechkeeten opgezielt ginn, fir Importer aus den illegal besiddelten Regiounen an der Westbank ze limitéierten, mee dem Xavier Bettel no wier dëst nees en "Tiger ouni Zänn". Hie géif allemol mat anere Länner probéieren e Vott ze provozéieren - dëst gëllt wéinst den Divergenzen ëm den Unanimitéitsprinzip awer als onwarscheinlech.
Zanter 1967 huet Israel d'Westbank occupéiert, wou eng 3 Millioune Palästinenser liewen. D'Siidlunge vun de 500.000 Israeelien op deem Territoire gëllen dem internationale Recht no als illegal.