Accident, Schlaangelinnen a Menacen op der AutobunnVéier Permise wéinst Alkohol um Steier e Sonndeg agezunn

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vum Sonndeg huet d'Police direkt op véier verschidde Plazen e Permis agezunn. Véier Mol war den Alkoholtest positiv verlaf.

E Sonndeg de Mëtteg gouf der Police eng presuméiert alkoholiséiert Automobilistin gemellt, déi a Richtung vum Akafszenter zu Uewerpallen ënnerwee war. D'Fra war doropshi vun der Police ugehalen a kontrolléiert ginn. Tatsächlech war den Alkoholtest positiv ausgefall an de Permis gouf agezunn.

Am Nomëtteg géint 16 Auer ass et dann tëscht Bettel a Furen zu engem Verkéiersaccident komm, bei deem sech en Auto an e Moto ze pake kruten. Deemno soll en Autoschauffer mat enger relativ héijer Vitess direkt eng Rei Autoen iwwerholl hunn an dobäi an d'Motorrad geknuppt sinn. D'Persoun ass doropshi vum Moto gefall a gouf vun de Rettungsekippen traitéiert. Och den Automobilist gouf medezinesch versuergt a fir eng Kontroll an d'Spidol bruecht. Och hei war en Alkoholtest positiv.

Owes géint 22 Auer war dann enger Policepatrull tëscht Altwis a Munneref en Auto opgefall, deen a Schlaangelinnen ënnerwee war. De Chauffer ass ëmmer nees an d'Mëtt vun der Strooss gezunn an ass op eemol immens lues gefuer. D'Gefier gouf vun der Police gestoppt an no engem positiven Alkoholtest gouf de Fürerschäin agezunn.

Ëm déi selwecht Zäit war et op der A13 tëscht Munneref an Altwis zu engem Sträit tëscht engem Chauffer an enger Bäifuererin komm. Éischten Informatiounen no soll de Chauffer d'Gefier deels op der Fuerbunn ugehalen hunn. D'Bäifuererin huet uginn, datt si virdrun och scho vum Mann menacéiert gi wier. Beim Chauffer gouf e positiven Alkoholtest gemaach an nieft engem provisoresche Fuerverbuet gouf e Protokoll wéinst Menacen erstallt.

Back to Top
CIM LOGO