Aus dem PolicebulletinDräi Persounen no Abroch a Stater Eefamilljenhaus gestallt, Suen aus Restaurant geklaut

RTL Lëtzebuerg
De Weekend goufen der Police op enger Rei Plaze verschidden Abréch an Déifställ gemellt. Deels konnte Persoune festgeholl ginn.

An der Nuecht op e Sonndeg gouf géint 2:30 Auer am Pafendall d'Police wéinst enger Rei verdächteger Persoune geruff. Déi presuméiert Täter haten hei eng Fënsterscheif ageschloen a sech mat Gewalt Zougang an en Eefamilljenhaus verschaaft. Wéi d'Policebeamten op der Plaz waren, hu sech direkt e puer Persounen ze Fouss duerch d'Bascht gemaach. D'Police huet sech direkt op d'Sich gemaach a konnt dobäi dräi Verdächteger stellen, bei deene geklaute Saachen a Geschier, fir anzebriechen, fonnt gouf.

E Sonndeg de Moie gouf géint 9 Auer ee weideren Abroch an engem Restaurant an der Stad gemellt. Wéi d'Police schreift, hate sech een oder e puer Persounen an der Nuecht Zougang zum Restaurant duerch eng Fënster verschaaft, wou si d'Suen aus der Keess mat Gewalt opgemaach hunn.

Och e Sonndeg den Owend géint 21 Auer gouf et een Déifstall op enger Tankstell zu Stroossen. Eng Mataarbechterin hat eng Cliente erkannt, déi nach virun e puer Deeg ouni ze bezuele getankt soll hunn. Wéi d'Mataarbechterin kuerz ofgelenkt war, hat déi verdächtegt Persoun zwou Fläschen Alkohol matgoe gelooss. Géint si gouf e Protokoll wéinst Déifstall erstallt.

Back to Top
CIM LOGO