Ee Joer op Avisen gewaartStaatsrot gesäit Schwieregkeeten an Texter vum Jugendstrofrecht

Céline Eischen
D'Regierung muss d'Gesetzer ëm d'Jugendstrofrecht eng weider Kéier adaptéieren, nodeems de Staatsrot eng Rei vun Oppositiounen ausgeschwat huet, besonnesch wéinst juristeschen Onkloerheeten.
Lëtzebuerg hat bis elo nach kee richtegt Jugendstrofrecht, mam Gesetzesprojet 7991 soll dat elo anescht ginn.
© Canva / Billion Images

Et soll ee richtege Paradigmewiessel ginn: Mat der Trennung tëscht Jugendschutz an dem Jugendstrofrecht soll kloer gekläert ginn, wéi mat Jugendlechen, déi fir Strofdote verantwortlech sinn, soll ëmgaange ginn. Ma och wéi Mannerjäreger, déi Affer vun esou Dote ginn oder soss Hëllef brauchen, besser kënnen encadréiert ginn, soll Deel vun der Verbesserung sinn.

Ee Joer gouf op d'Avisen vum Staatsrot zu de Gesetzesprojete gewaart, an déi héich Kierperschaft huet elo och eng Rei Oppositions formelles zréck behalen.

Ganzer dräi Gesetzesprojete si schonn ënnert der viregter Regierung viru véier Joer deposéiert ginn, deemools hat de Staatsrot awer vill un den Texter auszesetzen. D'Lescht Joer hunn déi zoustänneg Ministere Margue a Meisch nogebessert, ma och bei dësen neien Texter huet déi héich Kierperschaft Oppositions formelles zréck behalen.

Ëm wat geet et?

Am Package sinn dräi Projets de loi, ee Mol zum Jugendstrofrecht, dann de Jugendschutz an de Schutz vu Mannerjäregen, déi Zeien oder Affer vu Strofdote gi sinn. Lëtzebuerg hat bis elo nach kee richtegt Jugendstrofrecht, mam Gesetzesprojet 7991 soll dat elo anescht ginn.

Vun 13 Joer u kënne Mannerjäreger fir Strofdote responsabel gehale ginn, awer mat enger pädagogescher Approche: Asiichteg a kooperativ Jonker kënnen esou Alternativen zu enger Strof kréien.

De Staatsrot gesäit awer am Text e puer Lacunnen: Gréissten Oppositioun ass déi, datt déi Mannerjäreg a gewësse Fäll d'Méiglechkeet hunn, fir op een Affekot ze verzichten. Fir de Staatsrot misst een Affekot awer obligatoresch sinn, dat well Mannerjäreger d'office als Vulnerabel gëllen.

Och muss bei der Formatioun vun den Agenten nogebessert ginn: Wat den Austausch an den Accès vun Donnéeën ugeet, besonnesch duerch d'Police oder och de Familljeministère, bräicht et ee bessere juristeschen Encadrement. Iwwerdeems gëtt déi héich Kierperschaft och ze bedenken, datt d'Interaktioun tëscht de verschiddenen Acteure vum strofrechtleche System an Institutioune wéi dem Office National de l'Enfance net kloer genuch gereegelt an definéiert sinn.

Am Ganze goufen et fir de Gesetzesprojet zum Jugendstrofrecht sechs Oppositions formelles, deemno muss d'Regierung hei nach nobesseren.

Och Jugendschutz gëtt reforméiert

Mam Gesetzesprojet 7994 gëtt eng kloer Trennung tëscht dem penalen Aspekt an dem Schutz vu Mineuren agefouert. Den Office National de l'Enfance soll hei den zentralen a wichtegsten Acteur ginn, deen déi fräiwëlleg Mesuren, awer och déi juristesch Prozedure vun de Mannerjäregen, encadréiert.

Och an dësem Text huet de Staatsrot eng Rei Oppositions formelles festgehalen: Ënnert anerem ginn et juristesch Onsécherheeten, wat d'Autoritéit vun den Elteren ugeet. De Gesetzestext erméiglecht et dann och, datt d'Audienze virum Jugendriichter a verschiddene Fäll kéinten am huis clos gehale ginn.

Fir de Staatsrot ass dat och eng rout Linn: Esou Audienze missten ëffentlech sinn a just an Ausnamen am huis clos.

D'Funktiounen an d'Aufgabe vum ONE missten dann och méi kloer definéiert ginn. Am Allgemenge misst d'Regierung, der héijer Kierperschaft no, den Text méi kloer a verständlech maachen.

Wéi geet et dann elo weider?

D'Regierung muss d'Texter elo adaptéieren: Och am Projet de Loi 7992, wou et ëm de Schutz vu Mannerjärege geet, déi Zeien oder Affer vu Strofdote gi sinn, huet de Staatsrot eng Rei Oppositions formelles gehat, déi sech haaptsächlech op juristesch Onkloerheeten an ze vag definéiert Terme bezunn hunn.

Et ass ee komplexen Dossier, dat besonnesch well et hei ëm Mineure geet. Dofir wier et wichteg, hei juristesch genuch Kloerheet ze schafen – esou op d'mannst kann een d'Avise vum Staatsrot heizou verstoen.

Back to Top
CIM LOGO