
Wéi mer virun 2 Wochen hei op RTL gemellt haten, wëllen d’Regierung an d’Chamber, datt déi steierlech Entlaaschtung fir d’Stéit virum Summer gestëmmt gëtt, mä waren eegenen Aussoen no op den Avis vum Staatsrot ugewisen.
Deen huet a sengem Avis elo gréng Luucht gi fir de Steierkredit, deen enger Upassung vum Steierbarème un zwou Indextranchen entsprécht an domadder d’kal Progressioun soll deelweis opfänken. Déi héisch Kierperschaft dréckt awer puer Reserven aus iwwert d’Retroaktivitéit vum Steierkredit.
Well deen op den 1. Januar retroaktiv ausbezuelt gëtt, mä d’nächst Joer duerch eng generell Upassung vum Barème ersat soll ginn, wäert et dem Staatsrot no mussen zu engem “toilettage” vum Gesetz d’nächst Joer kommen.
Elo, wou den Avis vum Staatsrot virläit, misst d’Chamberkommissioun den Text weider kënne verschaffen an - wéi d’Majoritéit an d’Oppositioun et wollten - séier stëmme kënnen.
Wéi d’Chambre des salariés ausgerechent hat, stellt de Steierkredit fir en Duerchschnëttakommes vu 4.600 Euro Brutto de Mount ëm 44 Euro de Mount Netto méi duer. Wat ee méi verdéngt, wat en e bësse méi héich ass.