De Steierkredit, deen d'Klammen an der Steiertabelle duerch d'Indextranche soll offiederen, soll réckwierkend op den 1. Januar 2023 ausbezuelt ginn.

Steierkredit / Reportage François Aulner

Et ass nach net genee gewosst, wéini d’Leit den neie Steierkredit kréien. No der Chambre des Salariés huet elo och d’Handwierkerkummer an hirem Avis zum entspriechende Gesetzprojet betount, d’finanziell Entlaaschtung fir d’Leit misst séier kommen. De Finanzministère huet ons op Nofro hi matgedeelt: "D’Zil bleift, datt den neie Steierkredit nach virum Summer gestëmmt ka ginn".

Fir unzefänken, wat ass dee Steierkredit?

Ma ganz einfach puer Sue méi op der Pai oder Rent, respektiv no der Steiererklärung, wann een Independant ass. Fir e Salarié oder Rentner mat engem Revenu vu ronn 4.600 Euro Brutto de Mount wieren et 44 Euro Netto méi. Wann ee manner verdéngt, gëtt et bësse manner. Wann ee méi verdéngt e bësse méi. Bei Independanten gëtt de Steierkredit a Funktioun vum Benefice an op d’Joer berechent.

Well de Steierkredit retroaktiv op den 1. Januar wäert sinn, wäerten d’Leit op engem Coup puer Honnert Euro kréien, déi Méint drop dann nees manner.

D’Regierung an d’Sozialpartner ware sech Ufanks Mäerz op der Tripartite eens ginn, iwwert dee Steierkredit, deen enger Upassung um Steierbarème un zwou Indextranchë géing entspriechen. Sou sollen den Impakt vun der Inflatioun op d’Stéit ofgefiedert, respektiv d’Stéit entlaascht ginn. U sech kréie Steierzueler just Suen zeréck, well et ass nämlech esou: mat all Indextranche rëtscht een am Barème erop an ouni Upassung bleift manner am Netto. Dat nennt een kal Progressioun.

Wéini kréien d’Leit de Steierkredit dann?

Ma wann et dem Finanzministère no geet "esou séier ewéi méiglech" a virum Summer. Den Text wier "a Rekordzäit" opgestallt an Enn Mäerz am Regierungsrot ugeholl, fir datt d’Prozedur esou séier ewéi méiglech konnt lancéiert ginn, heescht et weider. Ma bal zwee Méint méi spéit sot de President vun der Chamber Spezialkommissioun "Tripartite", den DP-Deputéierten Gilles Baum d’lescht Woch hei op RTL, hie kéint d’Aarbechten net viruféieren, soulaang den Avis vum Staatsrot net virläit.

Aus der héijer Kierperschaft war da gewuer ze ginn, datt den Text nach net op der Dagesuerdnung vun der nächster Reunioun d’nächst Woch steet, mä dat kéint awer nach änneren. RTL-Informatiounen no hat d’Regierung awer och keng "politesch Prioritéit" uginn, ewéi se de Staatsrot saiséiert huet.

Soit, géing et elo séier goen an de Steierkredit géing nach am Juni gestëmmt ginn, da kéinten d’Salariéen a Rentner hir Suen am Juli kréien. Soss gëtt et wuel éischter August.

An d’Upassung vun de Barèmen un d’Inflatioun, dat ass dann fir d’nächst Joer. Zwar just ëm 2,5 Indextranchen an net 8, esou wéi d’Gewerkschaften et fuerderen.

Bleift nach ze soen, datt op den Tripartitte weider Mesurë géint d'Inflatioun, respektiv fir d'Kafkraaft decidéiert gi waren, wéi zum Beispill d'Bremsen op den Energiepräisser oder Hausse vun enger Rei Allokatiounen a Subventiounen.

De Gesetzprojet an d’Avise fënnt een um Site vun der Chamber.